Am Hei an Elo: Workshop mam Françoise & Nathalie
Samschden den 11 Juli 14:30-16:40 (40€)

An dësem Workshop verbanne mir d’Technike vum ProAgeYoga mat Meditatioun. De ProAgeYoga, gegrënnt 2019 vum Elena Lustig, soll eis hëllefen, de Kierper an de Geescht bewosst am Wandel vun der Zäit ze ënnerstëtzen. Sou wei mir eis veränneren, sou ännert sech och eis Yogapraxis, besonnesch d’Ausübe vun Asanas – hei gëtt de Fokus op schounend an alternativ Pose geluecht, wat d’Gelenker schütze soll a besonnesch bei Verletzungen oder Aschränkungen hëllefräich ka sinn. Innerhalb vun enger fléissender Sequenz, déi jidderee sengem Kierper a Gefill no ausféiere kann, erméiglecht eng ProAgeYoga-Stonn, sech nees nei ze verbanne mat deem wat do ass, ouni sech op déi äusserlech Form vun der Praxis ze fixéieren.

Eng grouss Roll spillen hei och Pranayama (Otemübungen) an Dhyana (Meditatioun). Am Mëttelpunkt stinn d’Stressreduktioun sou wéi en entspaanten Ëmgang mat Verännerung. Dës Aspekter hëllefen de Nervesystem ze berouegen, Energie opzebauen an e positiivt Selbstbild ze kréien.

Jiddereen – onofhängeg vun Alter an Erfarung – ass wëllkomm. De Workshop ass op Lëtzebuergesch.

Präiss 40€

Cancellation Policy: 48h with credit back on Mindbody account (no refund)

Biographie Françoise:

Mäi Numm ass Françoise Schroeder, ech praktizéiere Yoga säit iwwer 10 Joer an ënnerriichte verschidde Yoga-Stiler säit 2022. Ech sinn d’Grënnerin vum Podcast OTEM, an deem ech guidéiert Meditatiounen, Yoga Nidra an Otemübungen deelen, déi et erméiglechen, Rou, Presenz an eng ënnerlech Balance ze fannen. Mäin Uleies ass et, de Leit eng zougänglech an nohalteg Praxis ze erméiglechen, déi hinnen am Alldag hëlleft, sech ze entspanen a lasszeloossen.

Biographie Nathalie:

Mäi Numm ass Nathalie Verharen, ech praktizéiere Yoga säit iwwer 10 Joer an hu verschidden Yogatraininger gemach. Zenter 3 Joer enneriichten ech zesumme mam Magali Lehners d’Yoga-Optioun am LAML an zenter leschtem Joer den „Teens Yoga“ am Jivamukti Studio. Et läit mir um Häerz menge SchülerInnen de Yoga als en Anker fir Kierper a Séil ze vermëttelen deen hinnen et erlaabt sech selwer besser kennenzeléieren an dem Liewen ausgeglach ze begéinen.